Job 16 van 51


Report this listing

Solliciteren



Redakter/Chargé de communication (m/f/x)


 

D’Fondation Autisme Luxembourg engagéiert ee

Redakter/Chargé de communication (m/f/x)

am CDI, 40 Stonnen pro Woch.

fir hir Ekipp « Communication et Relations Publiques » zu Capellen ze verstäerken.

Referenz 2025.03.05 – 2-13-02

Är Aufgaben :

·        Artikelen iwwer Aktualitéitssujeten am Zesummenhang mat Autismus schreiwen

·        Pressecommuniquéë schreiwen

·        Koordinatioun vun engem Périodique

·        Redaktionnell Aarbechte fir all d’Informatiounssupporte vun deene verschiddene Servicer vun der FAL (Brochuren, Flyeren, Bréiwer, …)

·        Gestioun vun der Internetsäit an vun der Online Präsenz vun der FAL

·        Projeten an Events vun der FAL mat plangen a gestalten

Äre Profil :

·        Diplom am Kommunikatiounsberäich

·        Erfarung am Beräich Journalismus ass vu Virdeel

·        Maîtrise vun den 3 Landessproochen (Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch) a vum Engleschen

·        Organisatiounssënn, Flexibilitéit, Verantwortungsbewosstsinn, Grëndlechkeet, Dynamismus

·        Kenntnisser an Indesign, Photoshop an Illustrator

·        Ekippegeescht a Kooperatiounsfäegkeet

·        Interessi um soziale Secteur an u senge Valeuren

All Kandidaturen, déi dësem Profil entspriechen, kréien eng Äntwert.

Well de Matarbeschter (m/f/x) op deene verschiddene Site schaffe wäert, biede mer Iech w.e.g. nëmmen ze postuléieren wann Dir mobil sidd.

Mir bidden :

·        Eng valorisant, autonom a verantwortungsvoll Aarbecht an engem sech ëmmer weiderentwéckelnde Kontext

·        Eng agreabel Aarbechtsambiance an enger jonker, dynamescher Equipe

·        Eng zolidd Erfarung an enger gutt implantéierter Institutioun am Beräich vum Handicap, op nationalem an och internationalem Niveau (Member vun Autisme-Europe asbl, Don en Confiance asbl, Info-Handicap, …)

Mir akzeptéieren och Stagiairen a Bénévolen.

Déi folgend Dokumenter sinn noutwendeg fir dass ären Dossier als komplett considéréiert gëtt :

Ø Curriculum vitae

Ø Lettre de motivation

Ø Diplom (an eventuell reconnaissance d’équivalence vum Diplom)

Ø Casier judiciaire (LUX : N°3 et 5 / BE : n° 595 et 596.2 / FR : n°3 / DE : Führungszeugnis)

Mir bieden Iech direkt op eisem Internetsite: www.fal.lu, der Rubrik “Employeur”, ze postuléieren».

Solliciteren